Fann deng Bün!

Komm Musek maachen, sangen, danzen an dech ausdrécken! Huel deel un engem vun de ville Musekscoursen an der Géigend an entdeck d’Freed, fir Emotiounen ze deelen.

D’Bün an nei Bekanntschafte waarden op dech!

Léiere fir d’Liewen

De Museksunterrecht ass e wichtege Pilier vum Erzéiungssystem, dee fir e Maximum vu Kanner a Jugendleche soll zougänglech sinn. En dréit derzou bäi, datt d’Kanner opbléien a sech perséinlech entwéckelen.

Op sengem Léierparcours entwéckelt de Schüler seng Konzentratioun, seng Kreativitéit, säi Virwëlz a seng Selbstschätzung.

Universal Sprooch

D’Musek, d’Riedekonscht an den Danz gehéieren als universal Sproochen zur Allgemengbildung, déi d’Leit aus allen Originnen zesummebréngt.

Entdeckt de Museksunterrecht

Komm bei eis!

Zu Lëtzebuerg ginn d’Coursen an 19 lokale Museksschoulen, 14 regionale Museksschoulen an 3 Conservatoirë gehalen. Fann och du en Etablissement an denger Géigend, ewéi déi ronn 18.000 aner Schüler vum Museksunterrecht.

Kaart vun de Musekschoulen

Fann deng Musekschoul